Elisabeth
Aarbechtstitel:
 Ee Coordinateur Sécurité Infrastructure – Travailleur Désigné (m/w/d)
Firma
 Elisabeth
Aarbechtsbeschreiwung
Job DescriptionÄr Aufgaben / Votre mission / Ihre AufgabenRattachéiert un Generaldirectioun, an zoustänneg fir Elisabeth Enfance a Jeunesse, siche mir fir eist Departement Qualitéit a Sécherheet ee Coordinateur Sécurité Infrastructure – Travailleur Désigné (M/W/D)
- Dir participéiert un der Entwécklung vun der Sécherheet an der Gestioun vun de Risiken an de verschiddenen Haiser
 - Dir këmmert iech em de Suivi vun den Immobilien an em de Suivi vu Bauchantieren
 - Dir setzt Prozeduren ënnert Berücksichtegung vun de lëtzebuerger Gesetzgebungen ëm
 - Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Sécherheets/Immobilien-Comité an den Direktiounen a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en, an hir Berodung
 - Entwéckelen, Duerchfeieren an Ofschléisse vu Preventiounsmesuren a spezifesche Projeten
 - Koordinatioun an Organisatioun vu Formatiounen iwwert Sécherheet vun de Mataarbechter
 - Moderatioun vu Reuniounen zum Thema Sécherheet
 
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Ingenieur civil oder industriel (am Beräich Genie civil/Constructioun)
 - 5 Joer Erfarung am Bausektor zu Lëtzebuerg
 - Zertifizeierten ” Travailleur désigné – Groupe C4 “
 - Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch fléissend a Wuert a Schrëft
 - Sécher am Emgang mat MS-Office
 - Eng pädagogesch Approche mat Erfarung a Gruppenanimatiounen souwei gudde Verhandlungsfäegkeeten
 - Staark kommunikativ an analytesch Kompetenzen
 - Strukturéiert, organiséiert a fäeg Prioritéiten ze setzen
 - Autosführerschäin ass obligatoresch
 
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
 - Schaffen an engem dynameschen Ëmfeld
 - Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kolletivvertrag
 - Méiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen
 
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
 - Führerschäin Klass B
 - Eischt Hëllefscours
 
 (KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)ContactDirecteur Général adjoint
       Laurent MERSCH
       22 bd Joseph ll
       L-1840 LuxembourgTel: +352 45 07 74 – 1104www.elisabeth.lu
Erwaart Pai
Location
 Luxembourg
Job Datum
Thu, 14 Aug 2025 07:30:57 GMT
Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.
