Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M/W/NB) – focus

Aarbechtstitel:

Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M/W/NB) – focus

Firma

ARCUS

Aarbechtsbeschreiwung

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d’Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Si bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Hues du Loscht, am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung, Begleedung a Weiderbildung ze schaffen? Da mëll dech elo.Mir siche fir de Service Focus: Fachbegleeder Petite Enfance (M/W/NB) 30- 40 Stonnen/Woch, CDIResponsabilitéitenKonzeptuell Begleedung vu Crèchen an hirer pädagogescher QualitéitsentwécklungPädagogesch Berodung vu Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projeten,Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem sozio-edukative BeräichAktiv Reseauen zu pädagogesche Froestellungen entwéckelen a fërderenObligatoresch UfuerderungenDu hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et ÉducativesDu hues relevant Zousatzqualifikatiounen, de Pikler-Grundkurs ass vu VirdeelDu hues Erfarung an der pädagogescher Aarbecht mat klenge KannerDu kenns dech gutt mat der non-formaler Bildung ausDu hues Kompetenzen a bass kreativ an der ErwuessenebildungDu bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)Mir BiddenZäit fir dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Erwaart Pai

Location

Luxembourg

Job Datum

Wed, 16 Jul 2025 07:03:10 GMT

Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.

Share

Recent Posts

ECom Project Manager

Job title: ECom Project Manager Company Happy Koala Job description . We specialize in formulating,…

35 seconds ago

Diagnostic Manager- Oncology (m/w/d)

Berufsbezeichnung: Diagnostic Manager- Oncology (m/w/d) Unternehmen AstraZeneca Stellenbeschreibung Introduction to roleAre you ready to make…

5 minutes ago

Hasta Bakıcı

İş unvanı: Hasta Bakıcı Şirket [item_sirket] İş tanımı Çerkezköy'de bulunan kuruluşumuza yaşlı hasta bakıcı olarak…

6 minutes ago

Imaging Department Assistant

Job title: Imaging Department Assistant Company NHS Job description for the Trust, please see the…

8 minutes ago

Dispatch Agent (Operations) – FULL TIME – IRE

Job title: Dispatch Agent (Operations) - FULL TIME - IRE Company Swissport Job description OverviewJob…

16 minutes ago

Steuerfachangestellte, Steuerfachwirt, Finanzbuchhalter und Steuerberater in Hoppegarten

Berufsbezeichnung: Steuerfachangestellte, Steuerfachwirt, Finanzbuchhalter und Steuerberater in Hoppegarten Unternehmen MEHR.team Stellenbeschreibung , Human Resources.... Erwartetes…

17 minutes ago
For Apply Button. Please use Non-Amp Version

This website uses cookies.