Konscht-/Ergo-/Bewegungstherapeut (M/W/NB) – Nouveau CST à Lamadelaine

Aarbechtstitel:

Konscht-/Ergo-/Bewegungstherapeut (M/W/NB) – Nouveau CST à Lamadelaine

Firma

ARCUS

Aarbechtsbeschreiwung

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d’Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.NEI STRUKTURDu bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung?Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss an engem vun de genannte Beruffsfelder: Konschttherapeut/Ergotherapeut/Bewegungstherapeut (M/W/D) fir eng 30 Stonnen/ Woch CDI an eisem neien CST zu Lamadelaine.Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand get et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwéckung emmer erem ugepasst get. Mir gesin d’Verhaale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhaalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen Bezéiung ob an ennerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwer-fuedernden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräifen kann. Mir schaaffe Bewosstsäin fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro: Waat mecht daat Verhaale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een emmer bessert Géintiwer ze sin.Responsabilitéiten:Kanner am Alter vu 6 – 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner a Kooperatioun mat der pädagogescher EquipeKooperatioun mat externe Partner a mat de FamilljenObligatoresch Ufuerderungen:Du hues een unerkannten Diplom als Psycholog, Ergotherapeut, Konschttherapeut asw.Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat KannerDu bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffenDu kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzenDu hues d’Fäegkeet zu Selbstreflexioun a SelbstregulatiounWënschenswäert Ufuerderungen:Erfarung am Beräich vun der Kanner- a JugendhëllefZousazqualifikatiounen an de Beräicher Traumatherapie, Deeskalatioun Erlebnistherapie, systeemesch Berodung, Hypnotherapie asw. si vu VirdeelMir bidden dir:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldDu bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!Mir freeën eis dech geschwë kennen ze léieren.(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Erwaart Pai

Location

Luxembourg

Job Datum

Wed, 13 Aug 2025 07:03:51 GMT

Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.

Share

Recent Posts

New Product Introduction (NPI) Project Manager

Job title: New Product Introduction (NPI) Project Manager Company Repligen Job description team members to…

1 minute ago

ADDETTO/A UFFICIO ACQUISTI

Job title: ADDETTO/A UFFICIO ACQUISTI Company AxL Job description oltre 30 filiali in tutta Italia,…

4 minutes ago

Social vicevært til Forsorgscenter Toften

Tytuł pracy: Social vicevært til Forsorgscenter Toften Firma Forsorgscenter Toften Opis stanowiska telefon 20 31…

5 minutes ago

Account Executive (Public Sector – Central Goverment)

Job title: Account Executive (Public Sector - Central Goverment) Company Insight Enterprises Job description Account…

10 minutes ago

TITKÁRNŐ

Job title: TITKÁRNŐ Company Beck & Partners Job description és kivitelezésével foglalkozó építőipari vállalat. Hozzájuk…

13 minutes ago

Speech Therapist – Work In Ireland – Fully Paid Relocation Package

Job title: Speech Therapist - Work In Ireland - Fully Paid Relocation Package Company Mercier…

21 minutes ago
For Apply Button. Please use Non-Amp Version

This website uses cookies.