Foyer Agence Schumacher & Schmitz
Aarbechtstitel:
Mataarbechter fir de Support Commercial (m/f)
Firma
Foyer Agence Schumacher & Schmitz
Aarbechtsbeschreiwung
Job DescriptionD’Agence Schumacher & Schmitz zu Remerschen an d‘Agence Welter & Schmitz zu Réimech sichen e
Mataarbechter fir de Support Commercial (m/f)Är Missiounen:
- den Accueil vun de Clientë vun der Agence assuréieren,
- op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
- d‘Marketing-Aktioune vum Grupp suivéieren,
- d‘Visitte beim Client preparéieren
- d‘Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
- de Suivi vun den Dossieren vun de Sinisteren assuréieren,
- iech ëm de Courrier bekëmmeren.
Eis Offer:
- d‘Méiglechkeet fir an enger traditiounsräicher Agence ze schaffen, déi zu engem renomméierte Grupp gehéiert an eng staark Mark am Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg ass,
- en dynameschen a professionellen Environnement,
- exzellent Méiglechkeete fir sech weiderzebilden,
- interessant Entwécklungsperspektiven,
- d‘Avantage vum Assurancë-Kollektivvertrag
- ee Contrat à durée indéterminée
Äre Profil:
- Dir maitriséiert perfekt Lëtzebuergesch a Franséisch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
- Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
- Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
- Dir hutt e gutt Gespier fir de Service um Client.
Wann Dir Iech an dësem Profil erëmerkennt, schéckt eis w.e.g. Äre CV mat engem Motivatiounsbréif mat der Referenz: Support Commercial un d‘Adress via Jobs.lu
Erwaart Pai
Location
Remerschen, Remich
Job Datum
Fri, 29 Nov 2024 08:01:56 GMT
Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.