NEW Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) – Focus (M/W/NB)

Aarbechtstitel:

NEW Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) – Focus (M/W/NB)

Firma

ARCUS

Aarbechtsbeschreiwung

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d’Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Si bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Hues du Loscht, am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung, Begleedung a Weiderbildung ze schaffen? Da mëll dech elo.Mir siche fir de Service Focus: Fachbegleeder Petite Enfance (M/W/NB) 30- 40 Stonnen/Woch, CDIResponsabilitéiten

  • Konzeptuell Begleedung vu Crèchen an hirer pädagogescher Qualitéitsentwécklung
  • Pädagogesch Berodung vu Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,
  • Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projeten,
  • Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich
  • Aktiv Reseauen zu pädagogesche Froestellungen entwéckelen a fërderen

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives
  • Du hues relevant Zousatzqualifikatiounen, de Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel
  • Du hues Erfarung an der pädagogescher Aarbecht mat klenge Kanner
  • Du kenns dech gutt mat der non-formaler Bildung aus
  • Du hues Kompetenzen a bass kreativ an der Erwuessenebildung
  • Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
  • (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Mir Bidden

  • Zäit fir dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen
  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Erwaart Pai

Location

Luxembourg

Job Datum

Sun, 02 Mar 2025 08:01:05 GMT

Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.

Share

Recent Posts

Kaufmännischer Mitarbeiter (m/w/d) im Sales Support Eistechnik

Berufsbezeichnung: Kaufmännischer Mitarbeiter (m/w/d) im Sales Support Eistechnik Unternehmen Alfred Pfersich Stellenbeschreibung von Marketingmaßnahmen und…

30 seconds ago

Business Analyst Salesforce

Título do trabalho: Business Analyst Salesforce Empresa [item_empresa] Descrição do trabalho We’re looking for the…

2 minutes ago

Autoteknikko/Service Technician

Job title: Autoteknikko/Service Technician Company Tesla Roadster Finland Oy Job description What to ExpectDo you…

4 minutes ago

Servitør / Waiter – Quality Hotel S A G A

Job title: Servitør / Waiter - Quality Hotel S A G A Company Quality Hotel…

7 minutes ago

(Exklusiv) Specialist Payroll/HR (m/w) 50-60%

Job title: (Exklusiv) Specialist Payroll/HR (m/w) 50-60% Company Evergreen Human Resources Job description Rufen Sie…

13 minutes ago

IT Business Lead Analyst – VP

Job title: IT Business Lead Analyst - VP Company Citigroup Job description Citi Belfast is…

28 minutes ago
For Apply Button. Please use Non-Amp Version