Projetsmanager a Clientsberoder fir creative corner (m/w/d)

Aarbechtstitel:

Projetsmanager a Clientsberoder fir creative corner (m/w/d)

Firma

creative corner

Aarbechtsbeschreiwung

Zur Verstäerkung vun eiser Ekipp siche mir1 Projetsmanager a Clientsberoder fir creative corner (m/w/d)creative corner ass eng Agence fir Design a Kommunikatioun vu Gréiwemaacher. Mir schaffe fir Clienten aus dem ganze Land, esouwuel fir Entreprise wéi och fir ëffentlech Verwaltungen. Eis Schwéierpunkten si Corporate an Editorial Design, vun der Konzeptioun bis zur Ëmsetzung. Donieft begleede mir eis Clientë ë.a. an de Beräicher Social Media, Webdesign a Packaging.Du hues:

  • Eng éischt Erfarung an enger Kommunikationsagence oder am Beräich Marketing a Berodung
  • Du kenns dech gutt aus an der Regioun laanscht Musel a Sauer, an awer och doriwwer eraus
  • Schwätz Lëtzebuergesch an Däitsch, a gären och Franséisch an Englesch
  • Als Teamplayer schaffs du strukturéiert a präzis a beherrschs déi gängeg Computer-Tools
  • Dat lokaalt wirtschaftlech Ëmfeld an de kommunale Secteur sinn dir vertraut
  • Hues Loscht dech an enger klenger Familljenentreprise mat Aktivitéiten an de Medien, der Kommunikatioun an dem Commerce anzebréngen?

Als Member an eiser Ekipp vun 3 Beroder wären deng Aufgaben ënnert anerem:

  • Betreiung vun enger Rei vu Clienten an Zesummenaarbecht mat der Geschäftsleedung
  • Du assuréiers dem Client seng Zefriddenheet an d’Wirtschaftlechkeet vun de Projeten
  • Ausschaffen a Presentatioun vun Offeren a Konzepter beim Client
  • Eegestänneg Gestioun vu Projeten an de Beräicher Corporate an Editorial Design, Social Media, Webdesign asw.
  • Analyse vum Client senge Besoinen an d’Definitioun vum Briefing fir d’Kreatioun
  • Ausschaffe vun Offeren, Anhuele vu Präisser vu Fournisseuren
  • Opstelle vun Zäitpläng an de Suivi dovunner
  • Ofwécklung vum Projet zesumme mam Client an eiser Ekipp vu 6 Grafiker
  • Qualitéitskontroll an Ofrechnung vum Projet

Als zousätzlech Trëmp gesi mir:

  • Erfarung am Beräich Online Marketing a Social Media Management
  • En eegent Netzwierk u Kontakter fir potenziell Clienten

Mir bidden:

  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (50 – 100%)
  • E familiär a professionellt Ëmfeld an enger Ekipp vun insgesamt 16 Persounen
  • Eng Aarbechtsplaz an enger wonnerschéi moderniséierter Stadvilla am Zentrum vu Gréiwemaacher
  • Eng Méiglechkeet sech op de verschiddene Geschäftsfelder vun der Firma anzebréngen (Editiounshaus vun der Musel- & Sauerzeidung, Konzeptioun a Realisatioun vun héichwäertege Produiten, Geschäft fir Dekoratioun- a Geschenkartikelen)
  • Eng héich Wäertschätzung a Kollegialitéit, an d’Méiglechkeet eegestänneg a kreativ ze schaffen

Wanns du dech an dëser Beschreiwung erëm fënns a Loscht hues, dech an eiser Agence ze engagéieren, da schreif eis via Moovijob.com.

Erwaart Pai

Location

Grevenmacher

Job Datum

Sun, 06 Jul 2025 07:23:05 GMT

Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.

Share

Recent Posts

Ajanvaraaja, Taloturva Group Oy, Tampere

Job title: Ajanvaraaja, Taloturva Group Oy, Tampere Company Taloturva Group Oy Job description Katso tehtävän…

7 minutes ago

Swedish Speaking Customer Support for Banking

Job title: Swedish Speaking Customer Support for Banking Company Patrique Mercier Recruitment By Nellie Job…

8 minutes ago

Team Leader – Food – Kolding

Tytuł pracy: Team Leader - Food - Kolding Firma Bilka Opis stanowiska Er du en…

14 minutes ago

Postdoctoral position in human gut microbiome and bioinformatics

Job title: Postdoctoral position in human gut microbiome and bioinformatics Company VIB Job description We…

15 minutes ago

KICKS søker CRM Email Marketing Specialist

Job title: KICKS søker CRM Email Marketing Specialist Company KICKS NORGE AS AVD SKINCITY Job…

20 minutes ago

Global Claims Handler

Job title: Global Claims Handler Company Lawes Consulting Group Job description Job title: Global Claims…

23 minutes ago
For Apply Button. Please use Non-Amp Version

This website uses cookies.