Hellef um Terrain asbl
Aarbechtstitel:
Responsabel vum Departement (m/f/d)
Firma
Hellef um Terrain asbl
Aarbechtsbeschreiwung
HUT – Hëllef um Terrain Engagéiert fir d‘Departement Hëllef fir Kanner a Famillen1 Responsabel vum Departement40 Stonne/Woch CDI – Direkt DisponibilitéitRéf 2024 – RES- AEFAufgab:Bericht un den Direkter, den Employé wäert d’Missioun hunn d’Departement “Hëllef fir Kanner a Famillen” z’entwéckelen a muss de Management an d’Supervisioun garantéieren.Responsabilitéiten:
- D’Mataarbeschter leeden ze kennen, fir hier Kompetenzen ze entweckelen, d’Aarbechtszäiten an d‘Personal ze geréieren;
- Den administrative Suivi vun de finanziellen a pedagogëschen Aspekter, fir eis Clienten a Beneficiairen garantéieren;
- D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Salariéen an de Beneficiairen versécheren;
- De gudde Fonctionnement vum Service sécherstellen, aus enger Management-, Verwaltungs- an Operationeller Sicht;
- D’Konformitéit an d’Ëmsetzung vun de ministeriellen a institutionelle Direktiven assuréieren;
- Den nationale Rahmenplan fir Hëllef fir Kanner a Famille kennen an e „Concept d’action général“ emsëtzen kënnen;
- D’Implementatioun vum pedagogesche Konzept sécherstellen;
- Ausschaffe vu pedagogesche Projeten an d’Ëmsetzung ënnerstëtzen a garantéieren.
Obligatoresch Ufuederungen:
- Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten;
- Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich;
- Du kenns dech mam lëtzebuerger Sozialsecteur, de staatleche Strukturen an der Gesetzgebung aus;
- Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen;
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften;
- Du kanns selbstänneg schaffen;
- Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitsch Kenntnisser;
- Du hues gutt informatesch Kenntnisser (Word, Excel, Outlook).
Mir bidden un:
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen;
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass;
- E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld;
- Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt;
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag.
Erfahrung am Beräich mat Migranten a Flüchtlingen ass e Virdeel.D’Kandidatur (Motivatiounsbréif, CV, Kopie vun den Diplomer, Unerkennung vum Diplom, Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, Aarbechtszertifikater, Extraiten aus dem Lëtzebuerger Casier (Bulletin Nr. 3, 4, 5) a Wunnsëtz musse bis den 25.01.2025 via Moovijob.com.Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Hëllef um Terrain la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Hëllef um Terrain, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Erwaart Pai
Location
Bertrange, Luxembourg
Job Datum
Tue, 14 Jan 2025 23:28:51 GMT
Fir eis ze hëllefen eis Rekrutéierungseffort ze verfolgen, gitt w.e.g. an Ärer E-Mail/Codebréif un wou (jobsineu.net) Dir dës Aarbechtsplaz gesinn hutt.